Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 39

Wéi Gott iwwer Blutt denkt

Wéi Gott iwwer Blutt denkt

Blutt ass wichteg, well ouni Blutt kéinte mir net liewen. A well Gott eis d’Liewe geschenkt huet, huet hien och d’Recht ze soen, wéi ee mat Blutt ëmgoe soll. Wéi denkt Gott iwwer Blutt am Allgemengen, iwwer d’Iesse vu Blutt an iwwer Blutttransfusiounen? Wéi kann ee gutt Entscheedungen treffen, wann et ëm d’Blutt geet?

1. Wéi denkt Jehova iwwer Blutt?

Jehova sot zu den Israelitten: „Das Leben von jeder Art Lebewesen ist ihr Blut“ (3. Mose 17:14). Jehova huet eis d’Liewe geschenkt. Fir hien als Schöpfer stellt d’Blutt d’Liewen duer. Well d’Liewen helleg ass, ass och d’Blutt helleg.

2. Wat huet Gott verbueden, wann et ëm d’Blutt geet?

An der Zäit virun de Chrëschten huet Jehova sengen Ubieder verbueden, Blutt z’iessen. (Lies 1. Mose 9:4 an 3. Mose 17:10.) Dono huet hien dëst Gebot widderholl, wéi d’leedend Kierperschaft un d’Chrëschte geschriwwen huet: „Enthaalt iech … vu Blutt.“ (Lies Apostelgeschichte 15:28, 29.)

Wat heescht et, sech vu Blutt ze enthalen? Stell dir vir, däin Dokter seet dir, du däerfs keen Alkohol zou dir huelen. Da géifs du bestëmmt keen drénken. Géifs du dann awer eppes iessen, wou Alkohol dran ass oder dir Alkohol sprëtze loossen? Bestëmmt net. Geneesou ass et mat Gott sengem Gebot, sech vu Blutt ze enthalen. Dowéinst géife mir kee Fleesch iesse wat net ausgeblutt ass, näischt iesse wat mat Blutt preparéiert ass oder och kee Blutt drénken.

Wéi gesäit et awer mam medezinesche Gebrauch vu Blutt aus? Munches dovu verstéisst ganz kloer géint Gott säi Gebot. Dozou gehéieren Transfusioune vu Blutt oder engem vu senge véier Haaptbestanddeeler – roude Bluttkierpercher, wäisse Bluttkierpercher, Placketten a Bluttplasma. Et ginn och Methoden, bei deenen et net ganz kloer ass, ob si géint Gott säi Gesetz verstoussen. Zum Beispill wa Fraktiounen aus den Haaptbestanddeeler vum Blutt gebraucht ginn. Bei anere Methode gëtt engem säin eegent Blutt gebraucht. An dëse Fäll muss jiddwer Eenzelnen eng perséinlech Entscheedung treffen (Galater 6:5). a

AN DEN DETAIL GOEN

Wat dir hëlleft, Entscheedungen ze treffen, wann et ëm de medezinesche Gebrauch vu Blutt geet.

3. Entscheedungen treffen, déi Jehova gefalen

Wéi kann ee bei enger medezinescher Behandlung eng Entscheedung treffen, déi mat Jehova sengem Standpunkt iwwereneestëmmt? De VIDEO kucken an da beschwätzen, firwat déi follgend Schrëtt esou wichteg sinn:

  • Fro Gott ëm Weisheet (Jakobus 1:5)

  • Sich an der Bibel no Prinzippien an iwwerlee, wéi een si ëmsetzt (Sprüche 13:16)

  • Informéier dech, wat fir Behandlungen zur Verfügung stinn

  • Iwwerlee, wat fir Optioune fir dech net a Fro kommen

  • Entscheet dech esou, datt s du e gutt Gewëssen hues (Apostelgeschichte 24:16) b

  • Denk drun, datt kee fir dech entscheede kann, wann et ëm däi Gewësse geet – och net däi Mann, deng Fra, en Ältesten oder däi Bibellehrer (Römer 14:12)

  • Schreif deng Entscheedung op, esou datt anerer Bescheed wëssen

4. Zeie vu Jehova setzen sech fir déi beschtméiglech medezinesch Behandlung an

Et ass méiglech, sech u Gott säi Gebot iwwer d’Blutt ze halen a gläichzäiteg déi beschtméiglech medezinesch Behandlung ze kréien. De VIDEO kucken.

Titus 3:2 liesen. Dozou dës Fro:

  • Firwat soll ee mat Dokteren a medezineschem Personal ëmmer respektvoll a frëndlech sinn a gutt mat hinnen zesummeschaffen?

Net akzeptabel

Perséinlech Entscheedung

A. Bluttplasma

Fraktioune vum Plasma

B. Wäiss Bluttkierpercher

Fraktioune vun de wäisse Bluttkierpercher

C. Placketten

Fraktioune vun de Placketten

D. Rout Bluttkierpercher

Fraktioune vun de roude Bluttkierpercher

 5. Bluttfraktiounen

Blutt besteet aus véier Haaptbestanddeeler – roude Bluttkierpercher, wäisse Bluttkierpercher, Placketten a Bluttplasma. Dës Haaptbestanddeeler bestinn aus nach méi klengen Deeler, déi ee Bluttfraktiounen nennt. c Munch Fraktioune sinn a Medikamenter, déi geholl ginn, fir Krankheeten ze bekämpfen oder fir Bluddungen ze stoppen.

All Chrëscht muss selwer entscheeden, op hie Bluttfraktiounen akzeptéiert oder net. Dobäi hëlleft him säin duerch d’Bibel gutt trainéiert Gewëssen. Deen een entscheet sech vläicht fir eng medezinesch Behandlung oder Method, bei där Fraktioune gebraucht ginn, deen aneren entscheet sech dogéint.

Wann een esou eng Decisioun treffe muss, wier et gutt sech ze froen:

  • Wéi géif ech engem Dokter erklären, firwat ech bestëmmte Bluttfraktiounen akzeptéieren oder net?

WANN EE FREET: „Wat soll da schonn un enger Blutttransfusioun falsch sinn?“

  • Wéi géifs du äntweren?

FAZIT

Jehova wëll, datt mir Respekt virum Blutt hunn.

Réckbléck

  • Firwat ass Blutt fir Jehova helleg?

  • Firwat gëllt Gott säi Gebot, sech vu Blutt ze enthalen, och fir Blutttransfusiounen?

  • Wéi kanns du gutt Entscheedungen treffen, wann et ëm de medezinesche Gebrauch vu Blutt geet?

Zil

MÉI GEWUER GINN

Wat soll ee bei medezinesche Methode bedenken, bei deenen Eegeblutt gebraucht gëtt?

„Froe vu Lieser“ (Der Wachtturm, 15. Oktober 2000)

Wat soll ee bedenken, wann et ëm de Gebrauch vu Bluttfraktioune geet?

„Froe vu Lieser“ (Der Wachtturm, 15. Juni 2004)

Wat en Dokter dovun iwwerzeegt huet, datt Jehova seng Usiicht iwwer Blutt räsonabel ass.

„Ech hu Gott seng Usiicht iwwer Blutt akzeptéiert“ (Erwachet!, 8. Dezember 2003)

Wéi Ältesten aus de Krankenhaus-Verbindungskommiteeën fir hir Bridder a Schwësteren do sinn.

Bass du krank? Jehova léisst dech net eleng (10:23)

a Dozou d’Lektioun 35, „Wéi ee gutt Entscheedungen trëfft“.

b Dozou de  Punkt 5, „Bluttfraktiounen“ an d’zousätzlech Erklärung 3, „Medezinesch Methoden, bei deene Blutt gebraucht gëtt“.

c Et ginn Dokteren, déi schonn déi véier Haaptbestanddeeler vum Blutt als Bluttfraktiounen ugesinn. Dofir muss ee vläicht erklären, datt een sech géint eng Transfusioun vu Blutt a senge véier Haaptbestanddeeler – also roude Bluttkierpercher (Erythrozyten), wäisse Bluttkierpercher (Leukozyten), Placketten (Thrombozyten) a Bluttplasma – entscheet huet.