Zeréck bei den Inhalt

Wien ass den Äerzengel Michael?

Wien ass den Äerzengel Michael?

DʼÄntwert aus der Bibel

 Jesus krut den Numm Michael (a munche Reliounen och „Hellege Michael“) éier an nodeems hien op der Äerd gelieft huet.  a De Michael hat nom Moses sengem Doud e Sträit mam Däiwel an hien hat engem Engel gehollef, dem Prophéit Daniel eng wichteg Noriicht vu Gott ze iwwerbréngen (Daniel 10:13, 21; Judas 9). Säin Numm bedeit „Wien ass ewéi Gott?“ an hie gëtt deem gerecht, well hie Gott seng Souveränitéit verteidegt a géint Gott seng Feinde kämpft (Daniel 12:1; Offenbarung 12:7).

 Wéi eng vernünfteg Beweiser gëtt et, datt den Äerzengel Michael a Jesus eng an déi selwecht Persoun sinn?

  •   De Michael ass den Äerzengel (Judas 9). Den Titel „Äerzengel“, wat „ieweschten Engel“ oder „Chef vun den Engelen“ bedeit, fënnt een nëmmen an zwee Bibelversen. A béid Verse steet dʼWuert an der Einzal, wat weist, datt et nëmmen een Äerzengel gëtt, dat heescht, just een Engel, deen dësen Titel droe kann. An engem vun dëse Verse gëtt vu Jesus am Himmel geschwat. Do heescht et: „[Hie] kënnt da vum Himmel erof, mat engem Uerder, mat der Stëmm vun engem Äerzengel“ (1. Thessalonicher 4:16). Jesus ka mat der „Stëmm vun engem Äerzengel“ schwätzen, well hien ass den Äerzengel Michael.

  •   De Michael féiert eng Arméi Engelen un. „De Michael a seng Engelen hu géint den Draach gekämpft [oder: den Däiwel] (Offenbarung 12:7, BFL). De Michael huet am Himmel grouss Autoritéit, well hie gëtt als „einer der ersten Fürsten“ an als „der große Fürst“ bezeechent (Daniel 10:13, 21; 12:1). Dës Titele weisen, datt de Michael de „Feldherr der göttlichen Heere“ ass, wéi et de Calwer Bibellexikon beschreift.

     Wat dʼUféiere vun enger Arméi Engelen ugeet, erwäänt dʼBibel just nach een aneren Numm. Si schwätzt dovun „wann den Här Jesus mat senge mächtegen Engelen vum Himmel erof sech mat Flamen a Feier ze erkenne gëtt. Dann hëlt hie Revanche …“ (2. Thessalonicher 1:7, 8, BFL; Matthäus 16:27). Op enger anerer Plaz gëtt iwwer Jesus gesot: „Hien ass an den Himmel gaangen an dʼEngelen, dʼGewalten an dʼMuechte goufen him ënnergeuerdent“ (1. Petrus 3:21, 22). Géif et aus Gott senger Siicht Sënn maachen, Jesus an de Michael als Rivalen iwwer eng Arméi vun Engelen anzesetzen? Nee, et ass vill méi logesch unzehuelen, datt mat Jesus a mam Michael, déi nämmlecht Persoun gemengt ass.

  •   De Michael „steet op“ wärend enger „schwéierer Zäit“ ewéi et si bis elo nach ni gouf (Daniel 12:1). Am Bibelbuch Daniel beschreift den Ausdrock „opstoen“, oft e Kinnek deen aktiv gëtt, fir eppes Besonnesches ze maachen (Daniel 11:2-4, 21). Jesus Christus, och dʼWuert vu Gott genannt, gëtt geschwënn aktiv, fir als „Kinnek vun de Kinneken“ eppes Besonnesches ze maachen: Hie vernicht da Gott seng Feinden a beschützt Gott säi Vollek (Offenbarung 19:11-16, BFL). Hie mécht dat, wann „eng grouss Nout [kënnt], esou wéi et se zënter dem Ufank vun der Welt bis elo nach net gouf“ (Matthäus 24:21, 42, BFL).

a Der Bibel no kann eng Persoun méi Nimm hunn. Zum Beispill: de Jakob heescht och Israel, de Péitrus heescht och Simon oder den Thaddäus heescht och Judas (1. Mose 49:1, 2; Matthäus 10:2, 3; Markus 3:18; Apostelgeschichte 1:13).