Zeréck bei den Inhalt

Gëtt et e Gott?

Gëtt et e Gott?

D’Äntwert aus der Bibel

 Jo, d’Bibel liwwert iwwerzeegend Beweiser, datt Gott existéiert. De Glawen u Gott soll net nëmmen op reliéis Behaaptunge baséieren, mee d’Bibel encouragéiert eis, mat „Vernunft“ a „Verstand“ un dat Theema erunzegoen (Römer 12:1; 1. Johannes 5:20, Foussnout). Wat fir eng Argumenter huet d’Bibel dofir, datt et e Gott gëtt?

  •   D’Uerdnung am Universum, an datt et do Liewe gëtt, weist op e Schöpfer hin. D’Bibel seet: „All Haus gëtt jo vun iergendengem gebaut, mee deen, deen alles gebaut huet, ass Gott“ (Hebräer 3:4, BFL). Dës Argumentatioun ass zwar ganz einfach, awer vill gebilte Leit fannen se net méi wéi logesch. a

  •   D’Mënschen hunn den déiwe Wonsch, de Sënn vum Liewen ze verstoen. Dëse Wonsch bleift bestoen, esouguer wann ee soss alles am Liewen huet. D’Bibel weist, dëse Besoin gëtt gedeckt, wann ee sech bewosst ass, datt ee Gott brauch. Dat schléisst an, Gott besser kennen ze léieren an hien unzebieden (Matthäus 5:3; Offenbarung 4:11). Dësen déiwe Wonsch weist net nëmmen, datt et e Gott gëtt, mee datt hien och e Schöpfer ass, deen eis gären huet a wëllt, datt dëse Besoin gedeckt gëtt (Matthäus 4:4).

  •   An der Bibel si vill Prophezeiungen opgeschriwwe ginn, déi sech Joerhonnerte méi spéit ganz prezis erfëllt hunn. Dat weist, datt si aus enger Quell kommen, déi dem Mënsch wäit iwwerleeën ass (2. Petrus 1:21).

  •   Déi, déi d’Bibel geschriwwen hunn, haten e Verständnis vu wëssenschaftleche Fakten, dat hirer Zäit wäit viraus war. Fréier hunn d’Leit zum Beispill gegleeft, datt d’Äerd vun Elefanten, Schildkröten an aneren Déiere gedroe gëtt. D’Bibel seet awer, Gott „hängt die Erde an nichts auf“ (Hiob 26:7). Änlech ass et mat der Form vun der Äerd. D’Bibel beschreift si nämlech als „Erdkreis“ oder „Erdkugel“ (Jesaja 40:22, Foussnout). Fir vill Leit ass et dofir kloer: Esou e Verständnis kann nëmme vu Gott kommen.

  •   D’Bibel gëtt eis Äntwerten op schwiereg Froen. Froe wéi: Wa Gott esou allmächteg ass an eis gären huet, firwat gëtt et souvill Misär a Béises an der Welt? Firwat ass den Afloss vu Reliounen oft éischter schlecht ewéi gutt? (Titus 1:16). Vill Mënschen hu keng Äntwert dorop fonnt a gleewen dowéinst net u Gott. Awer d’Bibel gëtt Äntwerten, déi zefriddestellen.

a Zum Beispill huet den Astronom Allan Sandage iwwer den Universum gesot: „Ech fannen et zimmlech onwarscheinlech, datt esou eng Uerdnung aus dem Chaos entstanen ass. Et muss en organiséiert Scheema ginn. Fir mech ass Gott e Rätsel, awer hien ass och d’Erklärung fir dat Wonner, datt iwwerhaapt eppes do ass, an net näischt.“