Zeréck bei den Inhalt

Bibelatlas

Bibelatlas

„Das gute Land sehen“ huet detailléiert Kaarten, mat deenen een säi Bibelstudium verdéiwe kann. D’Bibel ass voll mat geografeschen Donnéeën. Dës Kaarten hëllefen engem erauszefannen, wat wou geschitt ass an ze verstoen, wéi alles zesummenhänkt. Esou kann een sech besser an eng Situatioun eraversetzen an de Bibelstudium méi lieweg gi loossen.

„Das gute Land sehen“ ass voll mat faarwege Kaarten a Grafike vu verschiddene Länner a Regiounen aus bibelescher Zäit. Ënner anerem fënnt een och Maquetten a Landkaarte mat Relieffer.

Dës Landkaarte weisen engem:

  • D’Reese vum Abraham, Isaak a Jakob

  • D’Route vun den Israelitten aus Ägypten eraus an dat Land, dat si versprach kritt hunn

  • D’Gebitter vun Israel senge feindlechen Nopeschnatiounen

  • Déi Géigenden, an deene Jesus de Mënsche gepriedegt huet

  • D’Herrschaftsgebitter vu Welträicher ewéi Babylon, Griicheland a Roum

„Das gute Land sehen“ fënnt een op Däitsch online.